Dateschutzerklärung


Dës Websäit benotzt keng Cookien.

Donnéeë déi iwwer dës Websäit gesammelt gi, kënnen nëmmen duerch d’fräiwëllegt Späichere vun Äre perséinlechen Donnéeën, z.B. duerch d’Notze vum Umeldungsformular, gespäichert ginn.

Donnéeë gi net u kommerziell Firmen oder aner Organisatioune virugeleet.

Den Artikel 26 aus dem geännerte Gesetz vum 2. August 2002 gesäit vir, datt de Benotzer d’Recht huet folgend Informatiounen iwwer d’Veraarbechtung vun hire perséinlechen Donnéeën ze kréien:

Responsabele Service fir Traitement vun den Donnéeën:

AFP – Solidarité-Famille a.s.b.l.
39, bd Grande-Duchesse Charlotte
L-1331 Lëtzebuerg

Tél. : 46 000 41
Fax : 47 00 59
info@afp-solidarite-famille.lu

Zweck vun der Date-Veraarbechtung:
Gestioun vun den Umeldunge fir Member ze ginn

Fräiwëlleg/obligatoresch Iwwermëttlung vun den Donnéeën iwwer dës Websäit: All Donnéeë ginn op fräiwëlleger Basis vum Benotzer selwer iwwerdroen.

Recht op Informatiounen iwwer Donnéeë vun der betraffener Persoun:
De Benotzer huet d’Recht Informatiounen iwwer Donnéeën ze kréien, déi hie perséinlech betreffen an déi hien un d’AFP-Solidarité-Famille a.s.b.l. iwwer dës Websäit weiderginn huet.

Recht op Korrektioun vun den Donnéeën déi den Notzer betreffen:
De Benotzer huet d’Recht d’Korrektioun vun den Donnéeën unzefroen, déi hien un d’AFP-Solidarité-Famille a.s.b.l. iwwer dës Websäit weiderginn huet.

Retentiounszäit:
Donnéeë ginn nëmmen sou laang gespäichert/gehale bis datt d’Missioun am Zesummenhang mat der Ufro vum Benotzer ofgeschloss ass. D’Donnéeën déi fir d’Comptabilitéit néideg sinn, gi wärend der gesetzlech virgeschriwwener Period behalen.

Logo afp

Logo MarteMeo

Logo Weltspilldag